Är Meenung fir Äert Europa

Maacht mat bei den Biergerforen zu Lëtzebuerg!

 

  

Fannt eis ob
 

PROGRAMM

 
Hoffnungen an Erwaardunge vun den Europäer

Lëtzebuerg bedeelegt sech un de Biergerforen iwwer Europa, eng Initiativ déi an der Europäescher Unioun op den Ustouss vum Franséische President, Emmanuel Macron, an d’Liewe geruff gouf.

D‘Zil vun dëse Consultatiounen ass eng grouss Zuel vu Bierger ze erreechen, fir hier Bedenken, Hoffnungen an Erwaardungen un d’Europäesch Unioun ze identifizéieren. Dëst beinhalt d'Definitioun vu Gebidder, wou d'Europäer méi Europa wëllen oder Beräicher wou se fannen datt d'Unioun op eng manner sënnvoll Aart a Weis matgestalt.

Dës Consultatioune sollen "e Wee si fir mat de Bierger driwwer ze schwätze wéi si sech d’europäesch Integratioun virstellen a si besser an dës Diskussioun anzebannen“.

D’Ambitioune vun dëser Initiativ, ass et, virun den Europawahlen 2019, eng grouss Unzuel vun europäesche Bierger ze mobiliséieren.

Et ass och d'Geleeënheet fir d'Stëmme vun de Bierger ze héieren, wëll d‘Kontributioune vun de Debatten als Basis fir eng Synthees benotzt ginn, déi de d'Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Rot vum Dezember 2018 virgedroe gëtt. Et erméiglecht d'Prioritéite fir déi nächst 5 bis 10 Joer ze definéieren.

Déi Regierungen déi matmaachen, engagéieren sech iwwer d'Virschléi déi gemaach ginn ze diskutéiere souwuel wéi iwwer d’Prioritéiten déi wäerten optauchen, an dat besonnesch am Kader vun der "Leaders' Agenda" vun der Europäescher Unioun. Esou wäert d‘Diskussioun vun de Staats- a Regierungscheffen iwwert d'Zukunft vun der Unioun duerch d'Positioune vun europäesche Bierger gepräägt sinn. Dofir wäerten duerch déi Aarbechten déi duerch d’Biergerfore gemaach ginn, Rapporten, déi och am Hierscht 2018 publizéiert ginn, enstoen.

D'Europäesch Kommissioun huet eng online Consultation iwwert d'Zukunft vun Europa lancéiert

https://ec.europa.eu/consultation/runner/Future-of-Europe

 

An zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg wäerten eng Rei vu Veranstaltungen tëscht dem 20. Abrëll an dem 2. Juli 2018 organiséiert ginn. 

Dës Veranstaltunge stinn ënnert de Prinzipie vun der Transparenz, dem politesche Pluralismus, der Fairness an der Offenheet fir all Bierger. 

Dës Veranstaltungen, déi Themen opwerfe wéi d'Wäerter vun Europa, sozial Europa oder de Bannemaart, ginn och ënner der Form vun Rapporten zesummengefasst. D'Diskussiounen an d‘Resultater ginn dofir berécksiichtegt an der Zesummefaassung, déi dem Europäesche Rot gemaach gëtt.

IWWERT

D'Consultatioune vun de Bierger iwwer Europa : 

  • Firwat? Fir Gedanken a Virschléi vun de Bierger iwwer Europa ze sammelen.

  • Wien?  Jiddwereen ass invitéiert fir matzemaachen.

  • Wéi? Duerch Debatten an online Consultatiounen op europäeschem Niveau.

  • Wéini? D'Bierger debattéiere vun Abrëll bis Juli, online Consultatioune lafen den 21. Mee un.

  • Wou? Iwwerall zu Lëtzebuerg an all den EU-Memberstaaten déi matmaachen.

  • Fir wéi e Resultat? Eng Restitutioun vun de Debatten an e Bäiträg fir den Europäesche Rot vum Dezember 2018. 

 

      MATMAACHEN

 

 

 

Är Meenung fir Äert Europa: Maacht mat beim Biergerforum zu Lëtzebuerg!

Lëtzebuerg bedeelegt sech un de Biergerforumen iwwer Europa, en Exercice deen an der Europäescher Unioun op Initiativ vu Frankräich lancéiert gouf.

D‘Zil vun dëse Consultatiounen ass et eng grouss Zuel vu Bierger ze erreechen, fir hir Bedenken, Hoffnungen an Erwaardungen un d’Europäesch Unioun ze identifizéieren. Dëst beinhalt d'Definitioun vu Gebidder, wou d'Europäer méi Europa wëllen oder Beräicher wou se fannen datt d'Unioun op eng manner sënnvoll Aart a Weis matgestalt.

 

Wëllt Dir mat engem Event un dëse Forumen deelhuelen?

D'Consultatioune vun der Bierger sollen net nëmmen Andréck sammelen, mee och Virschléi iwwert d'Europäesch Unioun ausschaffen. Fir d'Wuert vun de Bierger ze héieren, muss d'Initiativ och vum Bierger kommen!

Duerfir kann all Institutioun, Associatioun, Organisatioun, Schoul oder Gewerkschaft d'Organisatioun vun enger Debatt am Kader vu Biergerforumen iwwer Europa proposéieren.

Sidd Dir un Europa interesséiert? Wëllt Dir eng Debatt als Deel vun de Biergerforumen organiséieren? 

Dat ass kee Problem! Är Virschléi si méi wéi wëllkomm! 

 

Wéi funktionéiert et? 

Déi agereechte Projete gi vum Aussen- an Europaministère beaarbecht: d'Organisateure mussen eng transparent an oppen Approche un den Dag leeën an e Rapport vun de Debatte verëffentlechen. 

D'Iddi vun dëse Consultatiounen ass et de Bierger eng grouss Bühn ze ginn. Den Event muss also fir all Bierger zougänglech sinn an all Meenunge muss kënne gehéiert ginn. 

Wann en de Label "Biergerforum" kritt, erlaabt dat den Organisateuren de Logo ze benotzen an gëtt hirem Projet méi Visibilitéit. Et ass och d'Geleeënheet fir d'Stëmme vun de Bierger ze héieren, wëll d‘Contributioune vun de Debatten als Basis fir eng Synthees benotzt ginn, déi de d'Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Rot vum Dezember 2018 virgedroe gëtt. 

D'Evenementer solle folgend europäesch Theme behandelen:

  • Europäesch Wäerter

  • Demokratesch Legitimitéit a Subsidiaritéit

  • Sozial Europa

  • Bannemaart

  • Euro a wirtschaftlech Konvergenz

  • Asyl a Migratioun

  • Nohalteg Entwécklung: Energiewend

  • Nohalteg Entwécklung: Landwirtschafts- an Ernierungssécherheet

  • Entwécklungshëllef

  • Sécherheet a Gerechtegkeet

  • Jugend a Mobilitéit


E Minimum vun 12 Participanten sinn néideg. 

D'Debatte mussen tëscht dem 20 Abrëll an dem 2. Juli 2018 stattfannen. 

Fir e Projet anzereechen, kënnt Dir eis ënnert dëser Adresse kontaktéieren:
consultations.citoyennes@mae.etat.lu

 

KONTAKT

  • Facebook Social Icon
  • Twitter Social Icon
  • Instagram Social Icon
  • LinkedIn Social Icône
  • Facebook Social Icon
  • Twitter Social Icon
  • Instagram Social Icon
  • LinkedIn Social Icône